Service National de la Jeunesse du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Service National de la Jeunesse du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
       ImprimerEnvoyer à

> Accueil > Dossiers > Exemples de projets > SVE: "Fräiwëlleg op Wien"

SVE: "Fräiwëlleg op Wien"

Vers le niveau supérieur

Am Kader vum « Service Volontaire » (SVE) war d’Cathy Mangen een hallef Joer an engem Projet vun der “Wohngemeinschaft St. Martin" zu Wien

“Wéi sin ech op d’Iddi komm den SVE ze machen?

Ech hat fir d’éischt vum SVE héiren wéi eng Kéier eng Campagne an méngem Lycée (LGL) ofgehaalen gouf. An dëser Campagne sin Leit an déi iewecht Klassen iwwer den SVE schwätzen komm. Daat huet mech schon ganz staark interesséiert an ech hun mir den Flyer deen mir kruten mol gehalen.

Zwee Joer mei spéit, op Première, wousst ech guer net wat ech duerno, no dem Examen, sollt maachen. Studéiren goën? Mee waat, wou??? Ech wollt mech nach net wierklech festleen. Dat war mir alles nach ze fréi. Ech wollt eppes ganz Aneschtes maachen, eppes vun der Welt gesin asw. Awer einfach esou, mam Rucksaack drop lass ze reesen war mir ze riskant. Dun hun ech mech decidéiert mol an d’Galerie Kons an der Stadt ze goën an mir beim SNJ e puer Informatiounen ze sammlen. Kuerz drop, am März, war eng Informatiounsversammlung iwwert den SVE. Spéidstens do war et kloër. Ech war an Gedanken schon esou gutt ewéi fort.

Fir d’éischt war awer mol den Examen ze packen. Duerno huet sech erausgestallt dass et guer net esou einfach ass en Projet aus der Datenbank ze fannen deen fräi ass fir déi Zäit wou ech wollt den SVE machen. Natierlech war mir d’Zort vum Projet an d’Land wou ech sollt hingoën, och net egal. Ech hun also laang gesicht an awer näicht Passendes fonnt. Ech wollt am léifsten mat behënnerten Leit schaffen, well ech wollt erausfannen op dat eppes fir méng Zukunft wäer. Op alle Fall wollt ech am soziale Beräich schaffen. Wat d’Land uget wäer ech, wéi déi meescht, natierlech am leifsten an Spuenien, Portugal, Italien asw. gaangen. Wéinst der Sprooch, déi ech wollt léiren a wéinst dem Klima. Mee no enger gewësser Zäit wou ech gesicht hun, hun ech fonnt dass d’Land eigentlech net esou wichteg as. Dunn huët den SNJ eng Mail vum Melanie Jacobs vun Wien kritt. Hatt hat do nach en Projet fir mech fräi. No kuerzem Iwwerleen war ech d’Accord. Ech sollt an eng „Wohngemeinschaft“ mat behënnerten Leit schaffen goën an och do wunnen. Domatt war ech also endlech ënnerbruëcht an wousst och endlech wou ech dann lo an 2 Méint fir en halleft Joër drun wier.

Wéi as et ugaangen?

Am Dezember war dräi Owender laang „departure training“. Do sin ech zesummen mat aneren Jonken op eisen SVE virbereed gin. Heiheem hun ech dun nach déi lescht Feierdeeg dierfen feieren an eng Abschiedsparty gin an dun as et lass gaangen.

Den 7. Januar war et esou wäit. Ech hun den Zuch geholl fir op Wien. Natierlech war ech opgereegt an war gespaant wat mech géif erwaarden. Ech hat zimlech héich Erwaardungen. Ech war awer och schon berouegt well ech zumindest matt der Sprooch net all ze vill Problemer däerft kréien. Ech hat och schon mat mengem Tuteur (mäin „Chef“ am Projet) telefonéiert. Vun deem wat hien mir erzielt huet war ech zimlech beandrockt an gespaant. Wourop ech mech natierlech gefreet hun war fir kennen Wien kennenzeleieren.

No 10 Stonnen Zuch war ech zu Wien um “Westbahnhof�? ukomm, wou d’Melanie Jacobs, mäin Mentor zu Wien (hatt ass responsabel fir all déi Volontairen déi op Wien kommen), och schon op mech gewaart huet. Hatt huet mech op Klosterneuburg bruecht. Daat ass eng kleng Donaustaad mat ongeféier 25.000 Awunner, 10km viru Wien.

A méngem Projet gouf ech direkt ganz léif opgeholl. Mäin Tuteur huet mir alles erklärt an ech hun mech direkt doheem gefillt. Ech hun jo och am Projet gewunnt. Ech hat ee grousst Zëmmer mat Miwwlen, Bett,... je alles waat ee brauch. D’Buedzemmer hun ech mir mat menger „Nopech“, enger behënnerter Persoun gedeelt. Wat d’Iessen ubelaangt konnt ech emmer mat den behënnerten Bewunner matiessen oder awer mir selwer eppes kachen an mech an der Kichen selwer zervéiren. Ech krut all Mount 180 Euro Täschegeld esou wéi dat fir all Volontairen an Eisterräich festgeluecht as. Ech krut awer och emmer eng „Monatskarte“ fir den öffentlechen Transport vun Klosterneuburg op Wien an zu Wien selwer bezuelt, des Kaart huet 75 Euro kascht.

Waat den Projet ugeet, do hun ech genau esou wéi déi aner, fest ugestallten Betreier geschafft. Ech hun just keng Nuëtsdengschter dierfen maachen. Ech hun 30 Stonnen d’Woch geschafft. Wat ganz praktesch war, war dass mir an 2 Daagesschichten geschafft hun. Mir hun vun 7-9 Auer oder/an vun 16-20 Auer geschafft. Moies hun ech den Bewunner beim Undoën, Wäschen, Kaffi drénken asw. gehollef oder si just e bëssen kontrolléiert. Dat houng eben vun der Selbststännegkeet vun den Leit of. Dann sin si um 9 Auer schaffen gaangen. Mettes um 16 Auer sin si erëm Heem komm.

Samsdes an Sondes hun ech och oft geschafft awer dann vun 8-20 Auer, well d’Bewunner jo dann net geschafft hun. Well den „ Dienstplan“ ëmmer 3-4 Wochen am viraus geschriwwen gouf konnt een och emmer e Wiertchen mattschwätzen wéini een lo léiwer géif schaffen an wéini et engem net esou gutt geet. Ech hun dann oft Iwwerstonnen gemach fir mir eng aner Kéier fir e puer Deeg fräi ze huelen. Daat war natierlech ganz praktesch. Ech haat awer och wéi all Fräiwëllegen 2 Deeg den Mount Congé zegutt an natierlech d’Weekender.

Wéi war den Alldag?

Ech hun mech ganz schnell wuel gefillt an mech schnell agelieft. D’Arbecht huet mir gutt gefall an ech war och motivéiert fir nei Ideen eranzebrengen. Ech hun vill Ausflig fir den Weekend organiséiert. Ech sin matt hinnen op Wien an e Musée gefuer, ech hun mir mat hinnen zesummen déi schéin „innere Stadt“ vu Wien ugekuckt. Mir sin laanscht d’Donau spadséiert oder mam Velo gefuër. Mir sin och oft schwamme gaangen, mir hun gebastelt asw. An am Juni waren mir eng Woch an d’Schloss Schielleiten an der Steiermark op eng Sportswoch.

Awer och wat méng Fräizäit ubelaangt hun ech vill erlieft. Ech hun mir Wien bis an den leschten Detail ugekuckt an mech an dës Stad verléift... Duerch méng Organisatioun vun Wien „Grenzenlos“, wou d`Melanie Jacobs geschafft huët, hun ech vill aner Volontairen kennengeléiert.

All Mount war en Treffen vun Volontairen, wou all déi Leit sech getraff hun déi zu Wien een “SVE" gemaach hun. Do huët een immens vill Leit aus allen méiglechen Länner kennengeléiert. Do waren vun Englänner iwwer Hollänner, Fransousen, Dänen, Bulgaren, Ungaren, Polen asw. zimlech all europäesch Nationalitéiten vertruëden. Ech war als Lëtzebuërgerin natierlech en Unikum.

“Grenzenlos" huet och nach aner Aktivitéiten organiséiert. Sou waren mir eng Keier op en Bal an der “Hofburg" oder schifueren oder op verschidden Seminairen. Och an der Fräizäit war ech oft mat aneren Volontairen ennerwee. Eigentlech éischter wéineg mat Eisterräicher. Et war méi schwiereg Eisterräicher kennenzeléiren.

Um nationalen Kader huet d’Nationalagentur, déi fir d’Volontairen an ganz Eisterräich responsabel as, och 2 Seminairen ofgehal. Am Januar war ech op dem „Arrival training“ zu Graz. Do war ech mat 12 anere Volontairen, déi och eréischt grad an Eisterräich ukomm waren, während 5 Deeg an engem Seminarzentrum. Do hun 2 Trainer eis informéiert iwwert eis Rechter an Pflichten am Programm SVE. Mir konnten do och eventuell Problemer uschwätzen, mir kruten Informatiounen iwwert d’Land asw. Mee mir haten awer och Zäit fir eis kennenzeléiren. Mir hun eis Graz, d’Kulturhaaptstad 2003, ugekuckt. Do hun sech nei Frëndschaften gekneppt an et war immens interessant erem nei an total verschidden Länner an Kulturen kennenzeléiren.

Den zweeten Seminaire war den „Midterm seminar“ an war zu Salzburg. Do hun ech déi selwecht Leit wéi am éischten Seminaire während zwee Deeg eremgesin. Dat war am Abrëll also an der Halschent vun eisem SVE. Op dem Seminaire hun mir iwwert eis Erfahrungen a Problemer geschwat an och probéiert Léisungen ze fannen.

Wéi huet et mir gefall?

Et ass immens vill an deenen 6 Méint geschitt. Ech hun esou vill Erfahrungen an esou kuerzer Zäit gesammelt, dat as onvirstellbar. An d’Zäit ass esou schnell erem gaangen. Ech hun Eisterräich kennengeléiert, séng Kultur, séng Leit an hier Mentalitéit. Ech hun eng wonnerschéin Stad kennengeleiert.

Wat den Projet ugeet, hun ech vill bäigeléiert. Et huet mir ganz gutt gefall fir mat behënnerten Leit ze schaffen. Ech hun mech och endlech decidéiert a wei eng Richtung ech wëll weider léiren. Ech maachen elo zu Bréissel den Diplom fir „Institutrice primaire“ an duerno maachen ech dann nach villäicht ee Joër „Orthopédagogie“. Domat kann ech dann och mat behënnerten Kanner schaffen.

Donieft hun ech awer och vill interessant Leit kennengeléiert, vill nei Frëndschaften sin endstaanen an zu gudder Lescht hun ech mech och nach verléift...

Alles an Allem war méng Zäit zu Wien en honnert prozentegen Erfollëg. Ech bereien et keng Sekonn net den normalen, konventionellen Wee vum Lycée op d’Uni gewielt ze hun. Den SVE ass nemmen weider ze empfehlen."

Cathy Mangen, Manternach



Haut de page

Copyright © Service National de la Jeunesse   Aspects légaux | Contact